News

REOUVERTURE SPILLZENTER

02/10/2020 13:51

Léif Lieserinnen a Lieser,

 No puer Méint Aarbechten an enger neier Ariichtung  si mir frou Iech d'Reouverture vun der Focus Ludobibliothéik ab e Mëttwoch de 16. September 2020 matzedeelen.

D'Ludobibliothéik ass elo um 1. Stack op 11, rue du Fort Bourbon, 1249 Lëtzebuerg.

Op dëser neier Plaz fannt Dir:

  • Ee Spillberäich fir Klengkanner,
  • Ee Spillberäich fir Schoulkanner,
  • Ee Raum inspiréiert vum Remida,
  • Eng Bibliothéik fir Kanner,
  • Eng Bibliothéik fir Professioneller
  • Ee Formatiounssall.

D’Ausléine vu pädagogeschem Material a Bicher ass och erëm méiglech.

Wéinst dem aktuelle Kontext vum Covid 19, hu mir d'Organisatioun vun eise Permanencen ugepasst.

Fir d‘Kanner ass d'Ludobibliothéik Mëttwochs moies an Donneschdes mëttes accessibel, dëst nëmmen op Rendez-vous.

Mëttwochs begréisse mir Iech vu 9.00 bis 10.00 Auer oder vu 10.30 bis 11.30 Auer.

Donneschdes begréisse mir Iech vu 14.30 bis 15.30 Auer oder vu 16.00 bis 17.00 Auer.

< Wann Dir e ganze Moien oder Nomëtteg op d‘Plaz wëllt kommen, zéckt net fir eis Bescheed ze soen.

Et wäert nëmmen ee Grupp vu Kanner zur selwechter Zäit am Spillberäich kënne present sinn. Dat erlaabt eis d'Sanitärmoossnahmen ze respektéieren an d'Hygiène vum Beräich ze garantéieren. Merci am Viraus fir Äert Versteesdemech.

Fir Erwuessener ass d'Ludobibliothéik déi ganz Woch och zougänglech, dëst och op Rendez-vous.

Fir eis ze kontaktéieren oder fir e Rendez-vous auszemaachen, kënnt Dir eis:

  • iwwer Telefon um 28 37 46-1 vu Méindes bis Freides tëscht 9.00 an 16.00 Auer erreechen;
  • oder per E-Mail un spillzenter@arcus.lu schreiwen.

Mir freeën eis Iech geschwënn erëm ze gesinn!

D’Equipe Focus an agence Dageselteren